Zënter e puer Woche schaffe mir drun. Elo ass se online: eis nei Servicesäit. An dat direkt mat engem eegene Blog. Dir däerft gespaant sinn, wat mir virhunn!
Firwat eng eege Servicesäit?
Eis aktuell Internetsäit gouf mat TYPO3 entwéckelt. E super CMS-System, mee fir mech als Redakter ze komplizéiert an der Handhabung. Sorry!
Dofir hu mir eis fir e méi einfache Frontend entscheet. WordPress war hei eisen éischte Choix.
Bis eis Internetsäit migréiert respektiv nei entwéckelt ass, wäert et nach e bëssen daueren. Dës Servicesäit op Basis vu WordPress ass also den éischte logesche Schrëtt a Richtung nei Internetsäit!
Firwat kritt de Service iwwerhaapt esou e grousse Stellewäert?
Mir waren an de leschte Joren net grad inaktiv. Am Dezember 2020 hu mir mam Bau vun eisem neie Gebai zu Biwer ugefaangen. Am Dezember 2021 si mir mat der Verwaltung an dem Verkaf erageplënnert an hunn eis bal 500 m² grouss Ausstellung opgemaach. Am Dezember 2022 konnt dunn endlech och eis ganz Ekipp vu Monteuren zesumme mam Lager op eisen neie Standuert plënneren.
Zënter Mäerz 2023 baue mir elo den Entreprisëberäich „Service & Wartung“ aus. Flécken amplaz austauschen ass eis wichteg ginn. Dat ass eng Ergänzung a gläichzäiteg e Kontrast zum Verkaf an der Montage vun eise Bauelementer.
Wat erwaart mech op der neier Servicesäit?
Mir wäerten an enger Rei vu Blogartikelen déi eenzel Beräicher vun eise Serviceleeschtunge virstellen. Geplangt sinn och Bäiträg direkt vun den eenzele Servicetechniker iwwer hir Aarbecht op der Plaz. Et gëtt ganz spannend.
Zënter Mäerz 2023 baue mir eise Serviceberäich kontinuéierlech aus.
Aktuell beschäftege mir sechs Servicetechniker am Aussendéngscht an dräi Mataarbechter am Bannendéngscht. Alles, wéi een esou schéi seet, „al Huesen“. Mir wëllen eise Clienten e richtege Service mat maximalem Know-how bidden. Dozou méi a spéidere Bäiträg.
